
D'US-Arméi huet op en Tanker geschoss, dee versicht soll hunn, d'Blockad vun iraneschen Häfen ze ëmgoen, déi vum US-President Donald Trump ordonéiert gouf. Zanter Mëtt Juli blockéieren d'USA nees iranesch Häfen a ganz Gebidder un der Küst. Domadder wëllen d'USA verhënneren, dass Teheran Sue mam Export vu Pëtrol maache kann.
"Mir hunn den Tanker ausser Gefecht gesat, nodeems seng Crew op d'mannst véier Mol probéiert hat, d'Blockad ze duerchbriechen“, huet de Spriecher vum US-Regionalkommando Centcom, Tim Hawkins, e Freideg Lokalzäit matgedeelt. D'Schëff wier net méi ënnerwee a Richtung Iran.
Wéi et heescht, wier d'Besatzung e puer Mol gewarnt ginn, hätt sech awer net un d'Opfuerderunge gehalen. Dat an der Regioun stationéiert US-Militär hätt d'Schëff doropshin ausser Gefecht gesat, andeems een op de Maschinneraum geschoss hätt.
Schonn d'lescht Woch hat en US-Kampfjet Rakéiten op en eidele Pëtrolstanker geschoss, deen den Aussoe vu Centcom no versicht hat, d'Séiblockad ze duerchbriechen.