EU-KommissiounAm Netz wäert den Alter kontrolléiert ginn

AFP, iwwersat vun RTL
E Mëttwoch huet d'EU eng Applikatioun presentéiert, mat där Social-Media-Plattformen den Alter vun hiren Notzer kënnen iwwerpréiwen.
D’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen
© AFP

D‘Online-Welt soll méi sécher ginn, sot d‘Kommissiounspresidentin.Den Internet bitt vill Positives, mä ass och voller Risken a Geforen.Mat Bléck op Kanner a Jugendlecher géing d‘Situatioun op alle Fall Suerge bereeden.

“Ee Kand vu 6 gëtt online gemobbt an ee Kand vun 8 mobbt am Netz en anert Kand”

Sozial-Medie géifen en Design offréieren, dee soll bewierken, datt e permanent scrollt, datt ee süchteg soll ginn. Contenu géif gezielt an héich personaliséiert ugewise ginn.

“D‘Zäit, déi d‘Kanner virun Ecrane sëtzen, war nach ni sou héich. Zäit, déi se net op Spillplazen a mat oder mat Gläichalterege kënne verbréngen. Wat se méi Zäit online sinn, wat se méi exposéiert si fir schiedlechen an illegale Contenu”

Mat der App géif et elo eng technesch Léisung ginn, fir den Alter ze kontrolléieren.

“D‘App erlaabt de Useren, hiren Alter ze beweise bei engem Online-Accès, sou wéi Leit hiren Alter musse noweisen, wa se an engem Geschäft Alkohol kafen.

D‘App soll geschwënn disponibel sinn. Et kann ee se eroflueden, se funktionéiert op alle Plattformen, ass anonym an et géife keng privat Informatioun erausgoen ausser den Alter, sou d‘Ursula Von der Leyen.

Och un d‘Firmen ass et de Message, datt et Null Toleranz wäert ginn, wann et ëm d‘Kannerrechter geet.

“Online-Plattforme kënnen eiser App vertrauen. Et gëtt lo keng Excuse méi”

Vill Memberstaaten hätte scho vill Efforte gemaach, fir d‘App an hir national Systemer ze integréieren.

Back to Top
CIM LOGO