
D’LGBTQ-Gesetz, dat 2021 ënnert dem antëscht ofgewielten ungaresche Premierminister Viktor Orban a Kraaft getrueden ass, verstéisst géint d’Charta vun de Grondrechter vun der EU. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg en Dënschdeg an engem Urteel festgehalen.
D’EU-Kommissioun hat wéinst dem sougenannte Kannerschutzgesetz 2022 eng Prozedur wéinst enger Verletzung vun den EU-Verträg géint Ungarn an d’Weeër geleet an eng Plainte beim EuGH deposéiert. Eng Partie Memberlänner an d’EU-Parlament hate sech der Plainte ugeschloss.
An hirem Urteel vun en Dënschdeg hunn d’Riichter um Kierchbierg festgehalen, dass dat ungarescht Gesetz effektiv géint d’Grondrecht-Charta vun der EU verstéisst. Dat, well et Leit wéinst hirem Geschlecht an hirer sexueller Orientéierung diskriminéiert. Et verbitt ënner anerem, dass gläichgeschlechtlech Bezéiungen an Transpersounen am Fernsee an a Bicher duergestallt ginn. Dat géif géint de Verbuet vun der Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht a vun der sexueller Orientéierung verstoussen, deen an der EU-Grondrechtscharta fixéiert ass. Iwwerdeems géif schonn eleng den Numm vum Gesetz déi betraffe Leit mat pädophiller Kriminalitéit a Verbindung bréngen, wat zu enger Verstäerkung vu Stigmatiséierunge kéint féieren. Dowéinst géif d’Gesetz dem EuGH no nieft der Charta vun de Grondrechter och géint den Artikel 2 vum Vertrag iwwer d’Europäesch Unioun verstoussen, an deem déi zentral Wäerter vun der EU duergestallt ginn. D’Gesetz géif deemno am Widdersproch zu der Identitéit vun der EU als eng gemeinsam rechtlech Uerdnung vun enger Gesellschaft, déi sech duerch Pluralismus auszeechent, stoen.
Donieft géif dat ungarescht Gesetz dem EuGH no och géint d’EU-Grondrecht op d’Meenungs- an Informatiounsfräiheet an op de Respekt vum Privat- a Familljeliewen verstoussen. Och e Verstouss géint d’Richtlinn iwwert d’Déngschtleeschtungen a géint déi iwwert d’audiovisuell Medie géing virleien, dat well onzoulässeg an d’Fräiheet vu privaten Entreprisen, Contenuen ze produzéieren an ze diffuséieren, géing agegraff ginn. D’EU-Recht géif en Agrëff an d’Fräiheet vun den Déngschtleeschtungen, am Numm vun Kannerschutz zwar grondsätzlech erlaben, ma de Spillraum, deen d’Regierunge vun de Memberlänner hei hunn, wier duerch d’EU-Grondrechtscharta begrenzt.
Schliisslech géing d’Gesetz och géint d’Dateschutzrichtlinn verstoussen. Et erliichtert nämlech den Zougang zu Donnéeë vu Persounen, déi wéinst enger “Strofdot géint d’sexuell Fräiheet oder déi sexuell Moral bei Kanner” am ungaresche Strofregëster agedroe sinn. Den Zougang zu Informatiounen aus esou engem Regëster wier zwar Prinzipiell méiglech, ma am ungaresche Fall wier awer net präzis genuch definéiert, wien e Recht op den Accès zu dësen Donnéeën hätt an et géif u rechtleche Garantië fir d’Persounen, deenen hir Donnéeë consultéiert ginn, feelen.