
Den arméierten Täter, dee mat engem Pick-up an eng Synagog gerannt war an dono bei engem Schosswiessel mam Sécherheetspersonal ëm d’Liewe komm ass, hat US-Medien no Familljememberen, déi bei enger israeelescher Attack am Libanon ëm d’Liewe komm sinn. D’FBI huet Ermëttlunge wéinst engem “geziilte Gewaltakt géint déi jiddesch Communautéit” ageleet.
Den US-Ministère fir Heemechtsschutz huet e méiglecht Motiv fir d’Dot uginn. En Noper vum Täter hätt der Lokalzeitung “Detroit Free Press” gesot, datt den Täter “viru kuerzem Familljemembere bei enger israeelescher Attack am Libanon verluer” hätt. Aus der libaneesescher Communautéit am US-Bundesstaat Michigan huet et géintiwwer dem Sender CBS geheescht, d’Attack wier “viru ronn zéng Deeg” gewiescht an et wiere “méi Familljemembere” vum Täter ëm d’Liewe komm. Dëse wier doduerch “um Buedem zerstéiert” gewiescht.
De Chef vun der Police vum Bezierk Oakland Michael Bouchard sot, datt an der Synagog wärend der Attack Kanner a Mataarbechter waren, déi awer net blesséiert goufen. Ee Member vum Sécherheetspersonal wier beim Schosswiessel mam Täter verletzt ginn an duerno an d’Spidol komm. 30 Poliziste wiere mat enger Dampvergëftung an d’Spidol bruecht ginn. Dem Bouchard no wier de Pick-up duerch d’Dier vum Gebai gebrach an dono am Hall stoe bliwwen.
Iwwert den Täter sot de Bouchard: “Mir kënnen am Moment net soen, wat hien ëmbruecht huet, awer d’Sécherheetspersonal hunn de Verdächtege mat Schëss bekämpft”. Den Ugräifer schéngt eleng am Auto gewiescht ze sinn. Nom Schosswiessel koume Sichhënn an den Asaz an hunn de Pick-up no Sprengstoff ënnersicht. “Et ass komplizéiert, well et e Feier gouf”, esou de Policechef weider. Dem Sender Fox News no huet d’Gefier bei der Attack Feier gefaangen. D’Läich vum Ugräifer hätt och schwéier Brandverletzungen opgewisen.
Dem Wäissen Haus no gouf den US-President direkt iwwer de Virfall informéiert. Hien huet vun enger “schrecklecher Saach” geschwat a fonnt, “datt et net ze gleewen ass, datt esou Saache passéieren”. D’Gouverneurin vun Michigan Gretchen Whitmer huet d’Attack op d’Synagog mam Numm “Temple Israel” schaarf verurteelt. “Déi jiddesch Communautéit am Michigan soll a Fridde liewen an hire Glawen ausübe kënnen”.
D’Synagog gëllt als eng vun de gréissten an den USA an huet US-Medien no ronn 12.000 Memberen. Nieft dem renge reliéisen Deel gëtt et hei och eng Schoul an eng Reliounsschoul.
An Nordamerika gouf et rezent méi Attacken op jiddesch Gotteshaiser. Eleng an der kanadescher Metropol Toronto gouf et déi lescht Woch dräi Virfäll mat Schosswaffen. De fréieren US-Ambassadeur an Israel Tom Nides sot géintiwwer Fox News, datt den Antisemitismus an den Haass gewuess wieren. Hien huet dobäi op de Krich am Iran verwisen. Och wann d’Motiv vum Ugräifer nach net bekannt wier, “wësse mir, datt mir eis grad dowéinst an dëser verännerter Situatioun befannen, well am Iran e Krich ass an d’USA an Israel op enger Säit stinn”, esou den Nides, dee vun 2021 bis 2023 US-Ambassadeur war.