
Nëmmen Hëllefsekippen, humanitär Missiounen, Liewensmëtteltransporter a Sécherheetsleit däerfen nach iwwer d’Grenz ënner strenge Gesondheetskontrollen. Zousätzlech mussen all Persounen, déi aus dem Kongo kommen, 21 Deeg a Quarantän. Schonn an der leschter Woch hat Uganda den ëffentlechen Transport an de Kongo gestoppt.
D’Weltgesondheetsorganisatioun kritiséiert dës Mesuren. Der WHO no féieren zoue Grenzen dozou, datt d'Leit iwwer illegal Grenziwwergäng reesen, wou keng Kontroll méiglech ass. Dat kéint d’Verbreedung vun der Krankheet esouguer verschlëmmeren.
Am Kongo goufe bal 1.000 verdächteg Ebola-Fäll an op d'mannst 220 Doudeger gemellt. An Uganda gouf et siwen Infektiounen an ee Verstuerwenen.
Den Ausbroch gouf de 15. Mee an der kongoleesescher Provënz Ituri entdeckt. D’WHO geet dovun aus, datt de Virus sech scho méintlaang onbemierkt verbreet huet. Déi aktuell Epidemie gëtt vun enger rarer Ebola-Variant mam Numm Bundibugyo verursaacht. Géint dës Variant gëtt et bis elo weder eng Impfung nach eng gezielt Behandlung.