
Schwéiert Äerdbiewen e Méindeg de Moie fréi virun der Küst vun de Philippinnen. De Buedem huet mat enger Stäerkt vu 7,8 Punkten op der Richterskala geziddert. Doropshi gouf direkt eng Tsunami-Warnung fir d’Philippinnen a fir Indonesien declenchéiert. Awunner vu Küstegebidder waren opgeruff, an d’Hannerland ze flüchten. D'Warnung konnt awer relativ séier duerno rëm opgehuewe ginn.
Op d'mannst 31 Persoune wieren ëm d'Liewe komm, mellen déi lokal Autoritéiten um Méindeg de Moien, ronn 130 Blesséierter si bis ewell gezielt ginn, mindestens 12 Persoune gëllen als vermësst . De philippinnesche President Ferdinand Marcos Jr. huet all zoustänneg Autoritéiten opgeruff, Hëllefs- a Schutzmesuren ze treffen. Eng Rei Gebaier wieren an e Koup gefall, dorënner e kompletten Akafszenter. De Fluchhafe vun der Stad General Santos ass bis op Weideres gespaart ginn.

Den Epizenter vum Biewe mat enger Stäerkt vu 7,8 war ronn 24 Kilometer westlech vun der Provënz Sarangani op der Insel Mindanao an enger Déift vun zirka 35 Kilometer. Kuerz drop koum et a 67 Kilometer Déift nach zu engem Nobiewe vu 6,1 an där selwechter Regioun. Dem Tsunami-Warnzenter fir de Pazifik no war laanscht d'Côtë vun de Philippinnen, Indonesien, Palau, Taiwan a Papua-Neuguinea mat héije Wellen ze rechnen. Och Japan hat eng Warnung erausginn.