Widdersprécht dem AusseministerTrump relativéiert Ausso, datt Israel soll d'USA mat an de Krich gezunn hunn

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President Donald Trump steet ënner Drock, nodeems Aussoe vu sengem Ausseminister Marco Rubio Zweiwel un der offizieller Begrënnung vum Krich ausgeléist hunn.
Den US-Ausseminister Marco Rubio bei enger Pressekonferenz um 3. Mäerz 2026.
Den US-Ausseminister Marco Rubio huet bei enger Pressekonferenz um 3. Mäerz ugedeit, datt Israel de Krich mam Iran ausgeléist hätt.
© NATHAN POSNER/Anadolu via AFP

Den Donald Trump a seng Ekipp hunn en Dënschdeg probéiert, d’US-Attack op den Iran ze justifiéieren, dat nodeems den Ausseminister Marco Rubio drop higewisen hat, datt d’USA eréischt nogezunn hätten, nodeems si vun engem bevirstoenden israeeleschen Ugrëff gewosst hätten. Mat der Ausso, et hätt e gewosst, datt Israel den Iran géing ugräifen hat de Rubio e Méindeg fir Onrou gesuergt – souwuel bei Demokraten, déi betounen, datt nëmmen de Kongress e Krich erkläre kann, wéi och bei ville MAGA-Unhänger vum Trump.

Wéi de Rubio viru Journalisten erkläert huet, hätt d’US-Regierung domat gerechent, datt esou eng Aktioun en Ugrëff géint amerikanesch Truppen ausléise géif, an datt een dowéinst decidéiert hätt, fir d’éischt unzegräifen.

Vertrieder vun der Regierung hunn doropshi séier probéiert, dës Ausso ze relativéieren. Si hunn ënnerstrach, de President hätt d’Attack autoriséiert, well Teheran net eescht iwwer en Accord fir seng nuklear Ambitioune verhandelt hätt. D’USA hätten dofir misse géint d’Rakéitekapazitéite vum Iran virgoen.

D’Pressespriecherin vum Wäissen Haus, d’Karoline Leavitt, huet op der Plattform X geschriwwen: “Nee, de Marco Rubio huet net behaapt, Israel hätt den Trump mat an dëse Krich gezunn.”

Bei enger Reunioun am Oval Office mam däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz ass den Trump nach e Schrëtt méi wäit gaangen an huet gesot: “Baséierend op der Aart a Weis, wéi d’Verhandlunge gelaf sinn, mengen ech, datt den Iran fir d’éischt ugegraff hätten. An dat wollt ech net. Also wann iwwerhaapt, dann hunn ech vläicht Israel forcéiert, ze handelen.”

Back to Top
CIM LOGO