Trotz Widderstand vun TeheranTrump publizéiert Kaart mat Strooss vun Hormus als US-Territoire

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President bleift bei senger Initiativ, d'Strooss vun Hormus zu engem Deel vum US-Territoire wëllen ze maachen.
© Donald Trump

Op senger Plattform Truth Social huet den Trump en Dënschdeg en Ausschnëtt vun enger Kaart verëffentlecht, op deem de wichtege Mierespassage mam Titel "New U.S. Territory" ze gesinn ass - op Lëtzebuergesch also "neien US-Territoire".

Aktuell ginn et, wéi den Trump erkläert, keng Gespréicher mam Iran an et wieren och keng geplangt. Och wann d'Séiblockad a Kraaft bleiwe géing, wier d'Strooss vun Hormus awer op, betount den US-President weider. All d'Mieresminne wieren "ewechgeholl oder explodéiere gelooss ginn."

Teheran dogéint betount nach emol, datt de Passage eréischt nees géing opgoen, wann d'USA hir Verflichtungen erfëlle géingen.

Leschte Freideg hat den Trump eng éischte Kéier annoncéiert, datt d'Strooss vun Hormus soll US-Territoire ginn. Teheran huet direkt widdersprach a betount, datt de Passage "iranesch war, iranesch ass an iranesch wäert bleiwen".

Back to Top
CIM LOGO