
Den Donald Trump wëllt d’Strooss vun Hormus mat Gewalt opkréien an huet dem Iran en Ultimatum gestallt. Sollt d’Land déi wichteg Passage fir den Transport vu fossille Brennstoffer net an Zäit vun 48 Stonnen nees komplett opmaachen, géifen d’USA déi iranesch Energieanlagen zerstéieren. Ugefaange mat där Gréisster!, schreift den US-President op Social media.
Teheran huet direkt eng Géigewarnung geschéckt. Déi iranesch Arméi géif déi ganz Energieinfrastruktur an Entsalzungsanlagë mat Verbindungen zu den USA an der ganzer Golfregioun an d’Viséier huelen, wann d’Amerikaner dat maache géifen. Ausserdeem wéilten d’Iraner an deem Fall d’Strooss vun Hormus komplett blockéieren. Vun Entspanung, dräi Wochen nom Ufank vum Irankrich, kann also absolut net rieds goen.
Schonn elo huet de Krich enorm Auswierkungen op déi global Mäert. D’Energiepräisser si staark geklommen an duerch d’Inflatioun riskéieren och vill aner Produiten, méi deier ze ginn.
E Samschdeg den Owend si bei iraneschen Attacken eng 100 Persounen an Israel blesséiert ginn. No der Stad Dimona ass och Arad am Süde getraff ginn. Rieds geet vu schwéieren Zerstéierungen. E Sonndeg de Moien da waren zu Jerusalem Explosiounen ze héieren, nodeem den Iran mat Rakéiten ugegraff hat. Biller no si verschidde Gebaier getraff ginn. Den Iran schwätzt vun enger Revanche, déi ee geholl hätt wéinst den Attacken op den Atomsite Natans.
Den israeelesche Premier huet matgedeelt, dass den Iran zanter dem Ufank vum Krich iwwer 400 Rakéiten op Israel geschoss huet. Ronn 92 Prozent dovu géinge vum Rakéitenofwiersystem ofgeschoss ginn. Et hätt just véier Aschléi ginn, dorënner notamment déi aus der Nuecht op e Sonndeg. De Benjamin Netanjahu fuerdert dofir, dass sech weider Länner hinnen uschléisse sollten. D’Attack op eng Insel am Indeschen Ozean hätt gewisen, dass Teheran elo och d’Capacitéit hätt, fir déif an Europa unzegräifen. Den Iran attackéiert donieft weiderhin d’Golfstaaten, dorënner d’Emirater an Saudi-Arabien.
Den Iran selwer mellt iwwerdeems schwéier Schied un hirer Waasser- an Energieinfrastruktur.