
Scho virun den éischte Reuniounen am Laf vum Weekend attackéieren sech déi zwou Krichsparteie verbal. D‘Positioune leie wäit auserneen.
Den US-President Donald Trump huet Menacen a Richtung Iran geäussert, sollten d‘Negociatioune scheiteren. D‘Militärschëffer géife mat de beschte Waffen an der beschter Munitioun beluede ginn, sot hien an engem Interview mat der New York Post. Sollt keen Deal zustane kommen, géife se agesat ginn. Den Trump huet vun engem gewaltegen Neistart vum Krich geschwat.
Den Iran stellt iwwerdeems Konditiounen. De President vum Parlament Mohammad Baqer Ghalibaf an den Ausseminister Abbas Araghchi fuerderen e Waffestëllstand am Libanon. US-Sanktioune géint iranesch Verméige missten opgehuewe ginn, soss géifen d‘Gespréicher guer net ugoen.
D‘USA wëlle 15 Punkten duerchkréien, dorënner eng staark an dauerhaft Limitatioun vum iraneschen Atomprogramm. Den Iran huet een 10-Punkte-Plang. Natierlech spillt och d‘Strooss vun Hormus eng wichteg Roll. Fir d‘USA sollen den US-Vizepresident JD Vance, de Spezialbeoptraagten Steve Witkoff an dem Trump säin Eedem Jared Kushner verhandelen.
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet iwwerdeems den Appell u béid Parteie gemaach, dës Chance ze notzen. Washington an Teheran sollte sech Méi ginn, fir de Konflikt dauerhaft ze begruewen.