Russland begréisst "historesch Decisioun"Trump blockéiert per Dekreet weider Sanktioune géint Russland

RTL Lëtzebuerg
Den US-President huet e Gesetz, wat am September decidéiert gi war, elo per Dekreet gestoppt.
Den Donald Trump presentéiert en Dekreet, mat deem hien d'Dieselpräisser wëll nees erofkréien.
Den Donald Trump hat scho virun e puer Deeg en Dekreet ënnerschriwwen, mat deem hien d'Dieselpräisser nees wëll erofkréien.
© WIN MCNAMEE/Getty Images via AFP

Den US-President Donald Trump blockéiert weider Sanktioune géint Russland. Vun e Sonndeg u sollten nei Strofen a Kraaft sinn, ma den Trump huet se per Dekreet gestoppt. Ganz nom Motto "America First", sot hien déi Mesure géif aktuell am nationalen Interêt vun den USA leien.

D'Gesetz, dat am September gestëmmt gi war, hat méi héich Douanestaxen op russesch Importer virgesinn, grad ewéi op Wueren aus Drëttstaaten, déi russesch Energie benotzen. Virop China, Indien an d'Tierkei wäre wuel betraff gewiescht.

Déi méi Russland-frëndlech Approche vum Trump confirméiert sech, nodeems hie schonn annoncéiert hat, Russland géif direkt méi ewéi 300.000 Tonnen Diesel um Weltmaart fir d'USA zur Verfügung stellen. Dofir géife wéi gesot Sanktiounen ausgesat ginn.

Wärend de Gruef tëscht den USA an der Ukrain ëmmer méi grouss gëtt, gouf sech déi lescht zwee Deeg um EU-Sommet zu Bréissel de Kapp zerbrach, wéi der Ukrain weider gehollef ka gi virun engem héchstwarscheinlech haarde Wanter.

Russland begréisst "historesch Decisioun"

"Datt d'Trump-Administratioun de Graham Act aussetzt ass e wichtegen a wierklech historeschen Ament", heescht et vum Kirill Dmitriew, engem Beroder vum Wladimir Putin. De Kreml an och de Putin - deen e Freideg an engem Militäruniform opgetrueden ass an annoncéiert, huet, datt een de Rescht vum Oste vun der Ukrain géif anhuelen - hu bis ewell awer nach net offiziell op dës Annonce reagéiert, déi ee wuel als groussen diplomatesche Gewënn fir Russland bezeechne kann.

De Lindsey Graham Act, deen no dem verstuerwenen US-Senator, deen hannert dem Gesetz stoung, benannt gouf, viséiert de russeschen Energie - a Rüstungssecteur esou wéi och de Wladimir Putin selwer an aner héichrangeg Offizieller. Dem Dmitriew no hätt dëst Gesetz haaptsächlech der US-Ekonomie an dem Weltmaart geschuet.

De Westen hat jo massiv Sanktioune géint Russland decidéiert, wéi dëst d'Nopeschland Ukrain iwwerfall hat.

Back to Top
CIM LOGO