
Déi amerikanesch-israeelesch Campagne wier esou gutt ewéi ofgeschloss, ma trotzdeem géif een den Iran wärend den nächsten zwou oder dräi Wochen hefteg attackéieren. Dat sot den amerikanesche President Donald Trump e Mëttwochowend an enger Ried am Wäissen Haus. Et war déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich, den 28. Februar, dass den Donald Trump sech an enger Ried un d’Natioun geriicht huet.
Déi wesentlech strateegesch Ziler vum Krich wieren deemnächst erfëllt, esou den Trump, deen awer gläichzäiteg sot, dass een den Iran iwwert déi nächst zwou oder dräi Wochen “extreem haart” wäert ugräifen. Gläichzäiteg huet de President déi regional Alliéiert vun den USA - Israel, Saudi-Arabien, Qatar, déi Vereenegt Arabesch Emirater, Kuwait a Bahrain - rassuréiert. Et géif een net zouloossen, dass si an iergendenger Form géife Schued huelen. Alleguer dës Länner goufe bannent de leschte Wochen ëmmer nees Affer vun iraneschen Dronen- a Rakéitenugrëffer.
Mat der neier Spëtzt zu Teheran wiere Verhandlunge méiglech, si wier manner radikal ewéi déi viregt, sou nach den US-President. Dës Ouverture war allerdéngs op en Neits mat der Menacë verbonnen, d’iranesch Energieinfrastruktur ze attackéieren, sollt ee keen Accord iwwert en Enn vum Krich fannen.
Dem Donald Trump seng Ried hat wéineg Impakt op de globalen Energiemaart. De Präis fir de Barrel Ueleg vun der Nordséi-Zort Brent läit en Donneschdegmoie bei 106,91 Dollar. Déi iranesch Revolutiounsgarden hunn dann och e Mëttwoch nach gesot, dass si de Passage vun Hormuz, duerch dee jo normalerweis e Fënneftel vum globalen Ueleg transportéiert gëtt, weiderhi wäert blockéieren.
Déi iranesch politesch Féierung huet dem Donald Trump senger Ausso iwwert e méiglechen Accord iwwerdeems en Donneschdegmoien eng Ofso erdeelt. D’Fuerderungen, déi vu Washington kommen, wiere “maximalistesch an irrational”.