
D’Treffe gëtt am Trump senger Residenz Mar-a-Lago a Florida ofgehalen. De Selenskyj wëll dobäi iwwer eng Versioun vum US-Plang fir e Friddensaccord schwätzen, deen nach emol vu Kiew iwwerschafft gouf.
D’USA haten am November een 28-Punkte-Plang virgeluecht, deen a senger éischter Versioun als onheemlech Russlandfrëndlech gegollt huet. Den Text gouf an de leschte Wochen duerch d’Ukrain an déi europäesch Alliéiert iwwerschafft. Kiew an d’Europäer fuerderen ënnert anerem zouverlässeg Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain.