Nom Out vum Patrick SchniederCDU-Politiker Steffen Bilger soll neien däitschen Transportminister ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Regierungsëmbildung vum Bundeskanzler Merz verleeft alles anescht wéi no Plang.
De Steffen Bilger sëtzt zanter 2009 am Bundestag.
De Patrick Schnieder
© SEBASTIAN GOLLNOW/dpa Picture-Alliance via AFP

Den däitschen Transportminister Patrick Schnieder trëtt zeréck. An enger Deklaratioun aus där ënner anerem de Focus zitéiert, schwätzt den CDU-Politiker vun engem Zoustand, deen net wierdeg wier. Et wier net méiglech, fir sachlech ze schaffen. Dofir wëllt hien de Bundeskanzler bieden, hien ass sengem Amt ze entloossen.

Am Kader vum rezente Regierungs-Remaniement wollt de Kanzler Merz de Schnieder wéi et ausgesäit lass ginn. Den designéierte Nofollger Fritz Güntzler soll awer kuerzfristeg ofgespronge sinn. Zanter e Sonndeg den Owend soll dann en Nofollger feststoen. Den CDU-Politiker Steffen Bilger soll neien Transportminister an Däitschland ginn. De Bundeskanzler Merz géing de Politiker als Nofollger vum Schnieder proposéieren, sou de Regierungspriecher Stefan Kornelius.

Back to Top
CIM LOGO