
An engem Tram-Accident zu Mailand sinn op d’mannst zwou Persounen ëm d’Liewe komm. Den Tram war e Freideg net wäit vum Zentrum vun der Norditalieenescher Metropol entgleist an an ee Gebai gerannt, esou d’Police am Laf vum Owend. Et wieren dobäi op d’mannst 38 Mënsche blesséiert ginn. D’Onglécksursaach ass nach net gekläert, ma éischt Hiweiser deiten op de Chauffer vum Tram hin.
Medieberichter no hat de Chauffer villäicht ee Gleiswiessel net aktivéiert. Den Tram hat och schonn um leschten Arrêt virun der Plaz vum Accident net gehalen, ma war einfach duerchgefuer. “Et gesäit net esou aus, wéi wann et een technesche Probleem war, ma éischter mam Chauffer zesummenhoung”, sot de Buergermeeschter Guiseppe Sala. Bei den Doudesaffer géif et sech ëm ee Passagéier an ee Passant handelen, dee vum Tram erwëscht gouf.
Den Tram, wuel eng relativ nei Maschinn, war op der Linn 9 op der Via Vittoria Veneto net wäit vun der Porta Venezia vun de Schinne gesprongen an ass an d’Fënster vun engem Geschäft gerannt. Op der Plaz vum Ongléck waren e Freideg den Owend vill Ambulanzen ze gesinn. Secouristen hu geschockte Passanten an gëllen Thermo-Decke gepaakt.
“Ech hunn een haart Knuppen héieren”, esou déi 27 Joer al Anna, déi zum Zäitpunkt vum Accident net wäit fort an hirem Büro souz, der AFP géigeniwwer. “Ech hu gesinn, wéi een Deel vum Tram an ee Geschäft gerannt ass.”
Vun Aenzeien op der Plaz heescht et, den Tram wier mat héijer Vitess ënnerwee gewiescht. Ee vun de Passagéier sot der Noriichtenagence Ansa, hien hätt fir d’éischt un een Äerdbiewe geduecht. “Ech souz a sinn zesumme mat anere Passagéier um Buedem gelant. Et war fuerchtbar.”