
Dat tierkescht Parlament huet e Social-Media-Verbuet fir Kanner ënner 15 Joer gestëmmt. Mam Gesetz, wat e Mëttwoch ugeholl gouf, gëtt et Kanner ënner 15 Joer verbueden, fir en Account op engem Onlinedéngscht unzeleeën an d'Plattforme ginn dozou verflicht, Systemer en place ze setzen, mat deem den Alter vun de User verifizéiert ka ginn. Dat mellt den tierkesche Sender NTV e Mëttwoch den Owend.
De President Recep Tyyip Erdogan muss d'Gesetz, wat seng Partei abruecht huet, elo nach ënnerschreiwen, fir dat et als sécher gëllt. Sechs Méint no der Publikatioun vum Gesetz trëtt dëst dann a Kraaft. Mam Gesetz ginn Onlinedéngschter weider verflicht, wa si op en "Noutfall" opmierksam gemaach ginn, bannent enger Stonn, nodeem schiedlech Inhalter online publizéiert goufen, eppes ze ënnerhuelen, esou NTV weider.
Am Dezember war an Australien als éischt Land op der Welt e Social-Media-Verbuet fir Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer a Kraaft getrueden, am Mäerz ass Indonesien nogezunn. D'Regierung an Éisträich hat am Summer e Gesetz fir e Verbuet fir Kanner ënner 14 Joer annoncéiert an a Griicheland soll et vun 2027 u fir Kanner ënner 15 Joer verbuede sinn, e Kont op enger Social-Media-Plattform ze hunn. Änlech gesäit et a Frankräich aus an och an Däitschland gëtt driwwer diskutéiert.
Am Grand-Duché ass sech d'Regierung u sech eens, datt een eng Alterslimitatioun fir Kanner an de soziale Medien aféiere wëll, fir déi Jonk besser ze schützen. Ma Lëtzebuerg geet éischter op de Wee, datt ee sech fir eng Léisung géif ausschwätzen, déi vun der EU kënnt a fir all d'Länner an der Europäescher Unioun soll gëllen. An awer kéint Lëtzebuerg an den nächste Méint selwer aktiv ginn, dat "wa bannent sechs bis zwielef Méint näischt op EU-Niveau geschitt", esou d'Justizministesch Elisabeth Margue Ufank Mäerz 2026.