Offiziell net géint Iran geriichtTierkei, Pakistan a Saudi-Arabien schléissen neie "Mekka-Verdeedegungspakt"

RTL Lëtzebuerg
Eng Attack op eent vun deenen dräi Länner soll als Ugrëff op all Allianzpartner gëllen.
© HANDOUT/AFP

Mat deem Accord wëlle si hir gemeinsam Sécherheetsinteressen an d'Ofschreckung géint méiglech Aggressioune stäerken.

Nieft géigesäiteger Verdeedegung gesäit de Pakt och den Austausch vu Geheimdéngschtinformatiounen, den Opbau vun der Defense an der Loft a méi enk militäresch Zesummenaarbecht vir.

Ausserdeem soll Saudi-Arabien an déi tierkesch Verdeedegungsindustrie investéieren.

Den Accord kënnt an enger Zäit vu grousse Spannungen am Noen Osten, och wann en offiziellen Informatiounen no net géint den Iran geriicht ass.

Back to Top
CIM LOGO