Am Alter vu 35 Joer"The Ring"-Schauspillerin Daveigh Chase gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
2002 war d'Daveigh Chase duerch hir Roll am Horrorfilm ""The Ring" bekannt ginn. An de leschte Jore war et roueg ëm si ginn.
D'Daveigh Chase 2011 bei der Première vun der 5. Staffel vu Big Love.
D'Daveigh Chase 2011 bei der Première vun der 5. Staffel vu "Big Love".
© JASON MERRITT/Getty Images via AFP

Déi fréier US-Schauspillerin Daveigh Chase ass dout. Wéi verschidde Medie mellen, ass si en Dënschdeg am Alter vu 35 Joer gestuerwen. Den US-amerikaneschen Noriichtesite TMZ hat als éischt iwwer den Doudesfall bericht. TMZ zitéiert hire Frënd Roy Hernandez: Deemno hätt d'Daveigh Chase eng Meningitis an eng Bluttvergëftung gehat. Si wier um Enn un Organversoe gestuerwen.

Bekannt gouf d'Schauspillerin am Joer 2002 mat hirer Roll Samara am Horrorfilm "The Ring". Nieft Gaaschtoptrëtter an "Emergency Room" an "Charmed - Zauberhafte Hexen" huet si als Synchronspriecherin fir den Disney-Zeechentrickfilm "Lilo&Stitch" an d'Fernseeserie dovunner geschafft. Si huet der Figur "Lilo" hir Stëmm ginn. Méi spéit war si och an der HBO-Serie "Big Love" (2006-2011) an der Roll vun der Rhonda Volmer ze gesinn.

An de leschte Jore war et ganz roueg ginn ëm d'Schauspillerin. E puer Mol gouf iwwer Festnamen an Drogeprobleemer vun hir bericht. Si soll um Enn op der Strooss gelieft hunn.

Back to Top
CIM LOGO