Iran-KonfliktLëtzebuerg huet bannent 5 Deeg iwwer 550 Leit ausgeflunn

RTL Lëtzebuerg
Rapatriementer kaschten de Staat 226.000 Euro.
Iran-Konflikt: Rapatriementer kaschten de Staat 226.000 Euro
Lëtzebuerg huet bannent 5 Deeg iwwer 550 Leit ausgeflunn

Den 28. Februar huet de Konflikt an der Golfregioun ugefaangen, de 5. Mäerz ass den éischte Rapatriementsvol um Findel gelant. Alles an allem goufe 5 Fliger agesat fir d’Leit heemzebréngen. Eppes méi wéi 550 Leit goufen iwwert d’Loftbréck evakuéiert.
Um Freideg huet d’Regierung de Bilan gezunn an och weider Detailer ginn.

De Gesamtkäschtepunkt läit bei 710.000 Euro. Well iwwer 30 Prozent vun de Passagéier EU-Bierger waren déi net d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, iwwerhëlt d’Europäesch Unioun 75 Prozent vun de Käschten. Et bleiwen deemno nach 226.000 Euro fir de Staat, dat si 410 Euro pro Persoun déi ausgeflu gouf.

Den éischten Vol war en Charterfluch vun enger auslännescher Gesellschaft, déi hunn 470.000 Euro gefrot. D’Luxair ass fir 126.000 Euro geflunn.

Den Gros vun de Leit gouf iwwert den Oman ausgeflunn. D’Situatioun um Flughafen wier deels chaotesch gewiescht, seet den Ausseminister. Zu engem Moment hätt sech esouguer den Grand-Duc Henri ageschalt, fir d’Autorisatiounen ze kréien.

Aktuell sinn nach ronn 110 Lëtzebuerger an de Vereenegten Arabeschen Emiraten. 10 vun hinnen hätte sech elo nach beim Ausseministère gemellt, fir ausgeflunn ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO