No sechs Joer ËnnerbriechungTëscht China an Nordkorea fueren erëm Zich

AFP, iwwersat vun RTL
Wärend der Corona-Pandemie war d'Linn 2020 ënnerbrach ginn. Touriste wäerten awer net vun der Offer kënne profitéieren.
Wärend sechs Joer si keng Zich gefuer tëscht China an Nordkorea
Wärend sechs Joer si keng Zich gefuer tëscht China an Nordkorea
© STRINGER/Imaginechina via AFP

Fir déi éischte Kéier zanter méi ewéi sechs Joer solle vun en Donneschdeg un erëm Passagéierzich tëscht China an Nordkorea verkéieren. Wéi Reesbüroen zu Peking an an der Grenzstad Dandong matgedeelt hunn, wäerten ugangs awer nach keng Ticketen un Touriste verkaaft ginn. Buche kënnen deemno de Moment just Chineesen, déi an Nordkorea schaffen oder studéieren, an Nordkoreaner, déi am Ausland schaffen, studéieren oder Familljemembere besichen.

Den Zuchverkéier tëscht béide Länner war 2020 wéinst der Corona-Pandemie ënnerbrach ginn. Dass d’Zich elo rëm fueren, géif dem perséinlechem Austausch, der Ekonomie an dem kulturellen Austausch déngen, esou China Railway an engem Communiqué. D’Verbindunge wäerten a béid Richtungen tëscht Peking a Pjöngjang fueren, all Méindeg, Mëttwoch, Donneschdeg a Samschdeg. D’Prozedure vun der An- an Ausrees wäerten zu Dandong an zu Sinuiju an Nordkorea iwwerpréift ginn.

Schonn d’lescht Joer ware Fluch- an Zuchverbindungen tëscht Nordkorea a Russland erëm opgeholl ginn. Béid Länner haten am Kader vum Krich an der Ukrain méi no zu enaner fonnt. Iwwert de gemeinsame Reseau vu Schinne soll Pjöngjang Waffen a Russland geliwwert hunn.

Tëscht Nord- a Südkorea gëtt et keng Zuchverbindungen. Op der Grenz tëscht béide Staate verleeft eng demilitariséiert Zon ouni Grenzverkéier. De Vereenegungsministère a Südkorea huet verlaude gelooss, dass een d’Entwécklungen an deem Projet géing “am A behalen”.

Back to Top
CIM LOGO