Haut virun 10 JoerTerrorugrëffer an der Belsch fuerderen 32 Doudesaffer

Petz Bartz
Misch Bervard
10 Joer sinn et hir, dass zu Bréissel 32 Leit bei Terrorattacken ëm d’Liewe koumen. Sympathisante vum Islamesche Staat haten de Flughafen Zaventem an de Metro vun der belscher Haaptstad viséiert. E Sonndeg gëtt an der Belsch den Affer vun deemools geduecht.
Haut virun 10 Joer: Terrorugrëffer an der Belsch fuerderen 32 Doudesaffer
Sympathisante vum IS haten de Flughafen Zaventem an de Metro vun der belscher Haaptstad viséiert. E Sonndeg gëtt an der Belsch den Affer vun deemools geduecht.

Op eemol war den Terror vum IS ganz no. Bréissel gouf brutal getraff. Fir d’éischt de Flughafe vu Zaventem, wou 16 Persoune bei den Explosioune vun zwou Bomme virun de Guichete fir anzechecken ëm d’Liewe koumen. Kuerz drop d’Metrosstatioun Malbeek am EU-Quartier vun der belscher Haaptstad. Och do koume 16 Persounen ëm d’Liewen. Honnerte goufe bei den zwou Attacke blesséiert. Een dorënner war de 57 Joer ale Walter Benjamin.

Dräi Terroriste vum IS koumen an d’Hal era mat Wallissen, déi mat Sprengstoff preparéiert waren. Zwee vun hinne koume bei der Attack ëm d’Liewen, een ass geflücht.

Den Terror an der Belsch huet villen Affer hiert Liewen zerstéiert. Net nëmmen dat vun den Doudegen oder Verwonnten, mee och vun hire Familljen a vun den Hannerbliwwenen, déi bis haut mat de Suitte konfrontéiert sinn. Och wa sechs Männer am Juli 2023 zu Strofen tëscht 20 Joer a Liewenslaang verurteelt goufen, sou sinn d’Attentater ville Leit ëmmer nach a preziser Erënnerung.

Wat bliwwen ass, ass net nëmme physesch a mental Péng, mee och nach Stress mat de Verwaltunge vum Staatsapparat. Den Affer goufe sougenannt Krichspensiounen zougesot. Déi goufen elo drastesch gekierzt an de Geschiedegten hir Affekote sinn domat befaasst, déi 18 Milliounen Euro anzekloen, déi e belscht Geriicht a leschter Instanz den 980 Iwwerliewenden an hire Familljememberen zougesot hat.

Gedenkfeieren op de Plaze vun den Attentater geplangt

Zu Bréissel gëtt speziell um 10. Joresdag vun den Attentater um Fluchhafen Zaventem an an der Metrostatioun Malebeek un déi 32 Doudesaffer vun den dschihadisteschen Terrorattacke geduecht. Et si Gedenkfeieren e Sonndeg de Moien op den Onglécksplazen zum geneeën Zäitpunkt vun den Attacke geplangt. Duerno ass dann eng Zeremonie, bei där Familljemembere vun de Verstuerwenen a Leit schwätzen, déi deemools blesséiert gi waren. D’Täter hunn zu deem selwechte Reseau gehéiert, deen d’Attentater zu Paräis duerchgefouert hat.

Am Kader vun den offizielle Gedenkzeremonië steet och eng Fra, déi als Affer vun den Attacken unerkannt gëtt an déi sech Uganks des Joers d’Liewe geholl huet. Déi jonk Fra hat hir Mamm virun 10 Joer beim Attentat um Fluchhafe verluer.

Back to Top
CIM LOGO