
Nodeems en Donneschdeg am Weste vum Irak en Tankfliger vun der US-Arméi erofgefall ass, confirméieren d’US-Autoritéiten elo den Doud vun der ganze Ekipp u Bord vun der Maschinn.
Am Ufank huet et geheescht, véier vu sechs Leit wieren dout, elo sinn och déi aner zwee gestuerwen.
Dem US-Militär no wier d’Maschinn awer net duerch feindlechen oder eegene Beschoss accidentéiert, mee duerch ee Crash mat engem anere Fliger, deen dono awer sécher hätt kënne landen. D’Fligere wieren net iwwer feindlechem Gebitt gewiescht.
Op der iranescher Staatstëlee gëtt behaapt, en irakesche Grupp mat Verbindungen zu Teheran hätt de Fliger mat enger Rakéit ofgeschoss an dobäi wier déi ganz Ekipp ëm d’Liewe komm.
De Virfall gëtt vum US-amerikanesche Militär ënnersicht. Et ass op d’mannst dee véierte Fliger, dee si zanter dem Ufank vum Krich verluer hunn. Ufank Mäerz waren dräi F-15-Kampffliger iertemlecherweis vun der kuwaitescher Loftofwier erofgeschoss ginn.