Ausfäll bei Stroum a WaasserSuper Taifun "Bavi" suergt fir Zerstéierung op US-Pazifikinselen

RTL mat AFP
De Super Taifun "Bavi" huet e Méindeg US-Pazifikinsele getraff a fir grouss Schied gesuergt – blesséiert gouf awer bis ewell keen.
Super Taifun "Bavi" suergt fir Zerstéierung op US-Pazifikinselen
De Super Taifun "Bavi" huet e Méindeg US-Pazifikinsele getraff a fir grouss Schied gesuergt – blesséiert gouf awer bis ewell keen.

E staarke "Super-Taifun" huet e Méindeg d'US-Pazifikinsele Guam an d'Nördlech Marianen getraff a fir grouss Schied gesuergt. Et koum deels zu Ausfäll bei Stroum a Waasser, Blesséierter goufen awer bis ewell keng gemellt. Op Guam sinn och gréisser Standuerter vum US-Militär betraff, esou d'Autoritéiten.

Déi kleng Insel Rota huet allerdéngs dat Schlëmmst ofkritt. Den Taifun mam Numm "Bavi" huet hei mat Wandvitesse vun ëm déi 290 km/h zougeschloen, dobäi goufen eng Rei Beem a Stroumleitunge futti gemaach, och d'Waasserversuergung ass zesummegebrach.

"Am Moment ass op der ganzer Insel weder Stroum, nach Waasser, nach funktionéiert d'Mobilfunknetz", sou en Awunner vis-à-vis vu Journalisten.

D'Rettungsdéngschter an och d'Aarbechter vum Stroossebau sinn nach ëmmer am Asaz, fir d'Weeër fräi ze maachen, sou datt d'Secouristen iwwerhaapt kënnen erausfueren an op Noutfäll reagéieren. Och si stinn nach ëmmer ouni Stroum a Waasser do.

Op den anere betraffenen Inselen sinn den Autoritéiten no d'Schied awer manner schlëmm wéi nom Super Taifun "Sinkalu", deen am Abrëll duerch d'Regioun gezu war.

Back to Top
CIM LOGO