
D'Sich no der perfekter Foto ass fir e südkoreanesche Kampfjet-Pilot deier ginn: Beim Versuch, spektakulär Fotoe vu sech an der Loft ze maachen, ass hie mat engem aner Fliger kollidéiert. Dofir gouf hien elo zu 88 Millioune südkoreaneschem Won verurteelt ginn. Ëmgerechent sinn dat méi wéi 50.000 Euro. Dem Urteel vun e Mëttwoch no hate de Mann de Pilot vun engem anere Fliger an nach ee Kolleeg gefrot, hie bei sengem leschte Fluch viru senger Versetzung mam Handy ze fotograféieren.
Bei enger Vitess vu bal 580 Kilometer an der Stonn huet hie säin Jet op d'Säit gezunn an ass méi no un den anere Fliger eru geflunn. Dobäi huet hie sech verschat an huet déi aner Maschinn ze pake kritt. D'Kollisioun goung zwar nach eemol gutt aus, de Schued un de Fligeren huet sech awer op ëmgerechent méi wéi eng hallef Millioun Euro belaf.
Eigentlech hat de Verdeedegungsministère dem Mann opgedroen, de ganze Schued mussen ze bezuelen. Doropshin huet de Pilot sech un en Inspektiounskommitee gewannt, deen d'Strof op zéng Prozent vun der Zomm reduzéiert huet. Am Urteel huet de Kommitee berécksichtegt, datt de Mann zanter 2010 Fligere sécher gelenkt hätt an datt och aner Pilote virum him schonn esou Opnamen am Fluch gemaach hunn.