
D’Positioun vun der spuenescher Regierung wier kloer: “Nee zum Krich”, esou de Sánchez e Mëttwoch an enger Ried zu Madrid, an där hien den Iran-Krich als “Katastroph” bezeechent huet. Seng Regierung géif sech et “un eppes mat schëlleg maachen, wat der Welt schued an eise Wäerter an Interessie widdersprécht, nëmmen aus Angscht viru Retaliatioun.”
Dem Sánchez seng lénksgeriichte Regierung hat et den USA net erlaabt, a Spuenien geleeë Militärbasë fir de Krich géint den Iran ze benotzen. Den Trump huet Spuenien dowéinst ma engem kompletten Handelsstopp menacéiert. Spuenien géif sech “fuerchtbar” verhalen, esou den Trump en Dënschdeg bei sengem Treffe mam däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU). “Mir wäerten de ganzen Handel mat Spuenien stoppen. Mir wëllen näischt mat Spuenien ze dinn hunn.”
Spuenien ass och géint dat neit Nato-Zil vu Verdeedegungsdepensë vu 5 Prozent vum PIB. Den Trump hat Spuenien am Sträit ëm d’Verdeedegungsdepensen ëmmer nees attackéiert. Den US-President notzt ëmmer nees d’Handelspolitik a besonnesch och Douanestaxen, fir politesch Ziler duerchzesetzen. Onkloer ass allerdéngs, wéi den Trump den Handel mat Spuenien wëll stoppen. Virun allem, nodeems de Supreme Court an den USA am Februar wichteg Deeler vum Trump senger Douanespolitik gekippt hat.
Dem Trump seng Menacë géint Spuenien hunn an Europa natierlech Reaktiounen ausgeléist. Wärend den Däitsche Bundeskanzler Merz am eegene Land deels kritiséiert gouf, hien hätt méi Solidaritéit mat Spuenien solle weisen, wou den Trump virun him an de versammelte Journaliste Menacë géint d’Land ausgeschwat huet, huet d’EU Spuenien hir Ënnerstëtzung ausgeschwat. Bréissel géif “sécherstellen, datt d’Interessen an der Europäescher Unioun geséchert ginn” a géif “a Solidaritéit” mat alle Memberlänner stoen, esou ee Spriecher e Mëttwoch D’Kommissioun wier “am Kader vun der gemeinsamer Handelspolitik prett, ze handelen.”