
Den Héichrechnungen no kënnt zu Paräis den 48 Joer ale Sozialist Emmanuel Grégoire op 50 bis 53 Prozent vun de Stëmmen. Déi konservativ Ex-Kulturministesch Rachida Dati, déi sech am September wéinst Korruptioun veräntwere muss, huet tëscht 37 a 40 Prozent vun de Stëmme kritt. Si war vum President perséinlech ënnerstëtzt ginn, och wann den Emmanuel Macron dat ëffentlech bestridden huet. De Grégoire, laang riets Hand vun der Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo, wëllt där hir klimafrëndlech Politik weiderféieren.
Zu Marseille huet sech de sozialistesche Buergermeeschter Benoît Payan géint de rietspopulistesche Kandidat Franck Allisio duerchgesat. An den Ëmfroen haten se zäitweis Kapp u Kapp geleeën. Eng Victoire vun de Rietspopulisten an der zweetgréisster Stad vu Frankräich hätt warscheinlech eng grouss Wierkung op d’Presidentiellen 2027 gehat.
De Rassemblement National huet no de Municipales verlaude gelooss, si hätten an e puer Dose Stied gewonnen, dorënner Carcassonne, Orange a Carpentras. Si wieren nach ni an esou ville Gemengeréit gewiescht, sou de Parteichef Jordan Bardella. Och zu Menton, wou dem fréiere President säi Bouf Louis Sarkozy ugetruede war, huet eng Kandidatin vum RN gewonnen. Zu Nice huet sech dee mam RN verbonnene Kandidat Eric Ciotti duerchgesat. Hie war fréier Parteichef bei de Republikaner an hat sech duerno mam Rassemblement National zesummegedoen.
Zu Thionville ass de Pierre Cuny (DVC) mat 45,39 Prozent vun de Stëmmen a sengem Amt confirméiert ginn. De Rassemblement National mam Grégoire Laloux un der Spëtzt setzt sech dogéint iwwerraschend zu Amnéville duerch. Lonkech behält mam Vincent Hamen säi Buergermeeschter, op deen 43,02 Prozent vun de Stëmmen entfall sinn. Zu Stroossbuerg ass déi fréier Buergermeeschtesch Catherine Trautmann mat 37 Prozent vun de Stëmmen erëmgewielt ginn.
An de meeschte vun de ronn 35.000 Gemenge war d’Wal scho leschte Sonndeg am éischten Tour decidéiert ginn. Gutt 17 Millioune Leit waren dëse Sonndeg a 1.580 Gemengen a Secteuren opgeruff, wielen ze goen. A verschiddene Stied dierft et bis wäit an den Owend goen, bis definitiv Resultater virleien.