Ventura gëtt Néierlag zouDe Sozialist Seguro gewënnt d'Presidentiellen a Portugal

AFP, iwwersat vun RTL
De Sozialist António José Seguro gëtt den nächste portugisesche President.
© PATRICIA DE MELO MOREIRA FILIPE AMORIM/AFP

A Portugal kënnt de Sozialist António José Seguro, nodeems 99 Prozent vun de Walziedelen ausgezielt sinn, bei Presidentiellen op 66,8 Prozent vun de Stëmmen. Säi Konkurrent an der Stéchwal, de Rietsextreemist André Ventura kënnt domat op 33,2 Prozent. Dësen huet seng Néierlag antëscht offiziell zouginn, huet awer och drop verwisen, dass seng Partei “Chega” (Portugisesch fir “Genuch”) dat bescht Resultat an hirer Geschicht realiséiert huet.

De Seguro wäert deemno d’Nofolleg vum konservative President Marcelo Rebelo de Sousa, deen zënter 10 Joer am Amt ass, untrieden. Am éischten Tour am Januar hat hie ronn 31 Prozent vun de Stëmme kritt, de Ventura 23,5 Prozent.

Den 63 Joer ale Seguro war vun 2011 bis 2014 Generalsekretär vun der Sozialistescher Partei a vertrëtt de moderéierte Fligel, wärend den 43 Joer ale Ventura d’Chega-Partei gegrënnt huet a féiert.

Back to Top
CIM LOGO