
"Totally unacceptable", esou nennt den US-President Donald Trump déi iranesch Äntwert op vun him proposéiert Konditioune fir en Enn vum Iran-Krich. Genee Grënn, firwat d'Fuerderunge vun Teheran net acceptabel sinn, nennt hien an engem Post op sengem Social Media net.
Hie warnt just: Teheran wäert net méi laang eppes ze laachen hunn.
Den Iran hat e Sonndeg de Moien dem Pakistan eng Friddenspropositioun zoukomme gelooss. Déi iranesch Noriichtenagence zitéiert, dass d'Konditiounen en Enn vum Krich un alle Fronten gewiescht wier, d'Annulatioun vun de Sanktioune géint Teheran, an dass de Blockage vun iraneschen Häfen duerch déi amerikanesch Marinn misst ophalen.
Och Washington hat e Propositiounspabeier ausgeschafft, dat nees virgesinn hätt, dass den Iran seng Uran-Reserve misst ofginn. Doriwwer léisst Teheran awer net mat sech schwätzen.