
Groussbritannien wäert Social-Media-Plattforme fir Jonker ënner 16 Joer verbidden. Déi Annonce koum e Méindeg de Moie vum Premier Keir Starmer.
Et wier eng Decisioun, déi senger Regierung net einfach gefall wär, mä d'Risike fir déi Jonk, duerch intensive Konsum a vill zweiwelhafte Contenu, wier einfach ze grouss.
Et sollen och Mesurë getraff ginn, déi weltwäit bis ewell eenzegaarteg wieren, fir Gaming- a Livestreaming-Plattformen ze limitéieren. Friem Erwuessener sollen net méi d'Méiglechkeet kréien, fir Kontakt mat Mannerjäregen opzehuelen.