
Am Viséier vun de Policekontrolle waren an der Haaptsaach, ob sech un d'Drogegesetzer gehale gouf. Kontrolléiert goufe souwuel eenzel Persoune wéi och Gefierer un der Grenz mat Lëtzebuerg an och un där mat der Belsch. Sëllege Verstéiss goufe festgestallt. Bei den Drogen, déi séchergestallt goufen, handelt et sech ëm Marihuana, Haschisch, Kokain an och Crack.
Wéi d'Police vun Tréier weider mellt, hat een Automobilist knapp 150 Gramm Kokain bei sech a stoung och ënnert dem Afloss vun engem Rauschmëttel. An deem Kader gouf dann och e Blutttest gemaach.
Sämtlech Persounen hu sech wéinst de Verstéiss géint d'Rauschmëttel- repektiv Konsumcannabisgesetz an zousätzlech wéinst dem Fueren ënner Drogenafloss misse veräntweren.