No Doud vu Famill aus Däitschland an engem HotelSechs Persoune musse sech zu Istanbul viru Geriicht veräntwerten

AFP, iwwersat vun RTL
Déi véier Familljemembere si gestuerwen, well si an hirem Hotel Kontakt mat engem gëftegen Insektizid haten.
D'Geriichtsgebai zu Istanbul.
D’Geriichtsgebai zu Istanbul.
© YASIN AKGUL/AFP

Nom Doud vun enger Famill aus Däitschland zu Istanbul duerch Insektegëft, huet en Dënschdeg zu Istanbul an der Tierkei de Prozess ugefaangen. Sechs Beschëllegter musse sech viru Geriicht veräntwerten, ënnert hinnen zwee Vertrieder vun enger Firma, déi Schädlingen ewechmécht.

D’Famill, déi ursprénglech aus der Tierkei kënnt, awer an Däitschland gelieft huet, war am November zejoert an der Tierkei an der Vakanz, wéi déi zwee Elteren an hir Kanner am Alter vun dräi a sechs Joer den 12. November krank gi sinn. Alle véier goufen hospitaliséiert, sinn awer schliisslech gestuerwen.

Bei der Obduktioun ass eng staark Konzentratioun vun engem gëftegen Insektizid fonnt ginn. Dat géif dorop hindeiten, datt d‘Famill gestuerwen ass, well si an hirem Hotel Kontakt mam Gëft hat, dat hei agesat gouf, fir géint Bettwanze virzegoen.

Wéi et vun der tierkescher Noriichtenagence Anadolu heescht, géif de Parquet fir fënnef vun den Ugekloten eng Prisongsstrof vu jeeweils 22 Joer a sechs Méint fuerderen. Fir eng weider Persoun gëtt eng Strof vu 15 Joer gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO