
Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet de Virfall confirméiert. Bei der Attack e Sonndeg den Owend Lokalzäit wieren "aktuellen Informatiounen no sechs Persounen néiergestach ginn", esou de Mamdani op X. De presuméierten Täter wier festgeholl ginn. Iwwer d'Ëmstänn an e méiglecht Motiv ass aktuell nach näischt gewosst.
Déi lokal Pompjeeën hate fir d'éischt vu fënnef Affer geschwat. Bei hinnen huet et sech all ëm Ziviliste gehandelt, wéi et heescht. Eng Persoun gouf deemno schwéier blesséiert, déi aner Affer goufe liicht blesséiert. All d'Affer wieren an d'Spidol bruecht ginn.
Méi spéit huet de Buergermeeschter Mamdani dunn op X awer vu sechs Blesséierte geschwat. Sécherheetsleit vun der staatlecher Bunn-Gesellschaft Amtrak hätten deemno agegraff, fir den Ugrëff op een Enn ze bréngen an den Ugräifer ze immobiliséieren.
Déi berüümte Penn Station ass eng vun den Haapt-Verkéiersachse fir d'Metro an d'Bunn zu New York. Am Schnëtt passéieren all Dag 600.000 Leit duerch d'Diere vun der Gare. D'Noutfallagence NYC Emergency Management hat d'Leit opgeruff, de Beräich ze meiden.
De Virfall ass um Virowend virun engem wichtege Match an der Basket-Profiliga NBA zu New York geschitt, an och e puer Deeg virum Ufank vun der Futtball-Weltmeeschterschaft. D'Sécherheetsmesuren an der Stad goufen am Virfeld vun deenen zwee Eventer verstäerkt. D'Futtball-WM gëtt vum 11. Juni bis den 19. Juli an den USA, a Mexiko an a Kanada ausgedroen.
Direkt iwwert der Penn Station ass de Madison Square Garden, wou e Méindeg an e Mëttwoch NBA-Matcher tëscht den New York Knicks an de San Antonio Spurs ofgehale ginn. De President Trump wëll e Méindeg beim NBA-Spill am Madison Square Garden derbäi sinn.