
D'Explosioun war zu Colleferro, wat eng 40 Kilometer südëstlech vu Roum läit, heescht et vun der Police. D'Pompjeeën an d'Police wiere fir e "komplexen Asaz" op der Plaz, huet e Spriecher vun de Carabinieri der AFP confirméiert, ouni awer Detailer ze nennen.
Videoen an de soziale Medie weisen e Brand an enger Fabrick an déi schwéier Explosioun.
D'Feier huet massiv Explosiounen ausgeléist. Italieenesche Medien no ass keng Persoun duerch de Brand ëm d'Liewe komm. Den Noriichtenagence AGI no konnte sech d'Mataarbechter an engem ofgesécherte Beräich vun der Fabrick a Sécherheet bréngen, nodeem de Brand de Feieralarm ausgeléist hat.
D'Fabrick gehéiert zu der europäescher Verdeedegungsgrupp KNDS, déi an däitscher a franséischer Hand ass, a stellt Munitioun fir Waffe vu mëttlerem a groussem Kaliber hier, esou d'Noriichtenagence Ansa. Weider produzéiere si och Brennstoffer fir Rakéiten, déi an der Raumfaart agesat ginn. D'Entreprise huet antëscht de Virfall och confirméiert an huet och matgedeelt, datt kee vun de Mataarbechter verwonnt gouf. "D'Ëmstänn vum Virfall ginn aktuell vun enger Ekipp op der Plaz ënnersicht", heescht et vum Waffeproduzent.
Der Zeitung Corriere della Sera no ass d'Feier an deem Beräich ausgebrach, an deem d'Press fir dat explosiivt Pudder steet.