Déi schweedesch Spezialunitéit “Norrland Dragoon Regiment”, bekannt fir hir Expertis a kale Klimazonen, huet am Norde vu Schweden en intensive Militärdrill duerchgefouert.
D’Zaldoten, déi op Asätz an der Arktis spezialiséiert sinn, war an de verschneite Bëscher mat Schnéiscooteren, Schi an zu Fouss ënnerwee, fir déi verschiddenste Forme vun Attack a Géigenattack ze trainéieren. Och koumen Dronen, déi d’Ëmgéigend iwwerwaache kënnen, an den Asaz. Mat hire wäissen Uniforme ware si ideal un den Terrain ugepasst. Och hir Positioune waren esou opgebaut, datt si e méigleche “Feind” observéiere kënnen, ouni direkt opzefalen.
De Stellvertrieder vum Kommandant vun der Spezialunitéit, de Leutnant Colonel Joakim Ericson, huet erkläert, dass dëst Regiment speziell fir Operatiounen um nërdlechen Enn vun der Welt virbereet ass. D’Norrland Rangers sinn eng gemëschten Unitéit, déi esouwuel aus Beruffszaldoten wéi och Fräiwëllege besteet. Stationéiert ass d’Unitéit zu Arvidsjaur ronn 110 Kilometer vum Polarkrees ewech.
Zu hire Missioune gehéieren esouwuel Opklärungsaarbechten, Observatiounen awer och geziilt Attacken op méiglech Feinden. Wärend der Übung koumen zwar richteg Gefierer an den Asaz, geschoss gouf awer mat Platzpatrounen.
Den Interessi un dëser Spezialunitéit ass an der rezenter Vergaangenheet geklommen. Besonnesch zënter Schweden 2024 Member vun der NATO gouf. D’Allianz hat jo am Februar annoncéiert, datt een eng Missioun mam Numm “Arctic Sentry” lancéiert, fir d’Präsenz an der Arktis ze stäerken.
Dës Missioun soll d’Spannungen bannent der Allianz reduzéieren, déi duerch dem US-President Donald Trump seng Virschléi ausgeléist goufen, Grönland vun Dänemark ze kafen. D’Missioun huet dann och als Zil, dem russesche President Wladimir Putin ze weisen, datt d’Allianz et eescht mengt mat der Verdeedegung vun der Arktis.