Bei Nantes a FrankräichSchüler stécht mat Kichemesser op 15 Joer al Matschülerin an

AFP
Ee 15 Joer ale Jong huet un enger Schoul am Duerf Ancenis am Weste vu Frankräich e Freideg eng gläich al Matschülerin mat engem Kichemesser attackéiert.
Ein 15-Jähriger hat an einer Schule in der Ortschaft Ancenis im Westen Frankreichs am Freitag mit einem Küchenmesser auf eine gleichaltrige Mitschülerin eingestochen und das Mädchen dabei schwer verletzt.
Ee 15 Joer ale Jong huet un enger Schoul am Duerf Ancenis am Weste vu Frankräich e Freideg eng gläich al Matschülerin mat engem Kichemesser attackéiert an d’Meedche schwéier blesséiert.
© AFP

Dat 15 Joer aalt Meedche gouf schwéier blesséiert. D’Teenagerin wier an d’Spidol ageliwwert ginn a wier operéiert ginn, esou den zoustännege Procureur Antoine Leroy. Et géif awer net a Liewensgefor schwiewen.

Zu der Attack koum et deemno am fréie Freidegnomëtteg am Trapenhaus vun der Schoul. Duerno wier et dem Schouldirekter gelongen, de presuméierten Täter ze entwaffnen, esou de Leroy zu Nantes.

D’Meedchen hätt Wonnen am Beräich vum Bauch a vum Uewerschenkel gehat. De Parquet hätt eng Enquête wéinst versichtem Mord an d’Weeër geleet. Dat ënnert anerem, well d’Police an der Täsch vum Verdächtege weider Messer entdeckt hätt, esou de Leroy. “D’Ermëttlungen deiten op Virsaz hin.”

Virun der Bluttdot soll et ee “perséinleche Sträit” ginn hunn. Béid Schüler hätte virum Sträit ee “relativ enkt Verhältnis” gehat. De 15 Joer ale presuméierten Täter soll fréier Suicide-Gedanke gehat hunn.

Wärend dem Asaz hu ronn 700 Schüler a Klassenzëmmer an nach emol 150 Schüler an der Turnhal bleiwe missen. “Ech war eng Stonn laang an der Turnhal agespaart, oder annerhallef Stonnen. Et war onheemlech beonrouegend”, esou ee 17 Joer ale Schüler engem Journalist vun der AFP géigeniwwer.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

Back to Top
CIM LOGO