Protester a Frankräich ausser KontrollBal 2.400 Leit festgeholl, iwwer 1.000 Poliziste blesséiert

RTL mat AFP
Dany Rasqué
Sarah Cames
Ryck Thill
Gilles Hoffmann
Pierre Jans
Kevin Kayser
Jeannot Ries
Ënnert dem Motto "On en a marre" stoungen d’Demonstratiounen e Samschdeg a Frankräich. Den offiziellen Zuelen no ware landeswäit iwwer eng hallef Millioun Demonstranten ënnerwee.
Protester a Frankräich ausser Kontroll
Iwwer 2.000 Leit goufe festgeholl, eng 600 Polizisten a Pompjeeë goufe blesséiert.

Protester zu Paräis / Korrespondenz vum Tommy Jack

Inneminister: Bilan ass "leider just provisoresch"

E Sonndeg den Owend goufe vum Inneministère nei Zuele publizéiert. Iwwer 2.400 Leit wieren e Samschdeg festgeholl ginn a ronn 1.000 Polizisten, Gendaarmen oder Pompjeeë wiere bei hiren Asätz blesséiert ginn. Den Inneminister Laurent Nunez hat am Nomëtteg awer och ze bedenke ginn, datt dëse Bilan aktuell "leider just provisoresch" ass.

Den Inneminister hat dann och annoncéiert, datt hien e Méindeg wäert op Marseille fueren, wou "dausende Leit aus dem extreem lénke Milieu fir Ausschreidunge gesuergt hunn." Dono hätte sech dësen och nach "Krimineller ugeschloss, fir Geschäfter ze plëmmen an ze verwüüsten". De Minister huet zou ginn, datt manifestéieren e Grondrecht ass. "Gewalttäteg a koordinéiert Onrou ze stëften, ass awer keen. [...] Eis Sécherheetsleit unzegräifen, eis Institutiounen z'attackéieren, a Prefekturen oder Gemengen anzedréngen, Geschäfter ze plëmmen, dat alles kann een net rechtfäerdegen", esou d'Kritik vum Minister.

Dat alles hätt et zu "Marseille, Paräis, Lyon, Bordeaux, Rennes, Stroossbuerg, Grenoble, Nice oder Limoges" ginn. "De Materialschued bei honnerte vu Geschäftsleit ass grouss. D'Republik wäert deenen, déi Onuerdnung a Gewalt duerchsetze wëllen, keen Zentimeter noginn," esou nach d'Warnung vum Laurent Nunez.

Zu Paräis gouf et reegelrecht Stroosseschluechten tëscht der Police a verschiddenen Demonstranten. Och Gebaier, Butteker an Autoe waren net viru verschidden aggressive Manifestante sécher.
Zu Paräis gouf et reegelrecht Stroosseschluechten tëscht der Police a verschiddenen Demonstranten. Och Gebaier, Butteker an Autoe waren net viru verschidden aggressive Manifestante sécher.
© HESHAM ELSHERIF/Anadolu via AFP

Feier, Festnamen, Blesséierter: En éischte Bilan um Sonndeg de Moien

Grav Debordementer gouf et e Samschdeg an an der Nuecht op e Sonndeg wärend de Masseprotester a Frankräich. Landeswäit goufe Polizisten attackéiert, Butteker ausgeraumt a Feiere geluecht.

Zu Limoges am Zentrum vu Frankräich hu Casseuren dat historescht Gemengenhaus a Brand gesat. D'Pompjeeë waren um spéiden Owend nach amgaangen, géint d'Flamen ze kämpfen. D'Gebai gouf gréisstendeels zerstéiert. Och zu Avignon a Grenoble ware politesch Institutioune beschiedegt ginn.

An an der Haaptstad Paräis waren e puer Gruppe vu Manifestanten a Richtung staatlech Administratiounen ënnerwee. Zu St-Etienne zum Beispill huet eng Granat vun der Police engem 17 Joer jonke Manifestant eng Hand ewechgerappt, melle franséisch Medien ewéi LeMonde. Et ass deen zweete vergläichbaren Tëschefall zanter dem Ufank vun de Protester. De 5. Oktober hat ee 15 Joer ale Schüler seng lénks Hand verluer, nodeems eng Blend-Granat viru senger Schoul, an där d'Schüler manifestéiert hunn, explodéiert war.

D'Forces de l'ordre hätte systematesch intervenéiert, fir d'Gebaier ze protegéieren, esou den Inneministère. Dem franséische Premierminister Sébastien Lecornu no waren den Elysée, de Matignon an d'Assemblée Nationale am Viséier. No enger Krisereunioun vun der Regierung huet hien "e grausaamt Ausmooss vu Gewalt" verurteelt.

Flames ravages Lyon's tourism office after it was set on fire by protesters during a demonstration to protest against the "high cost of living", in Lyon, southeastern France, on October 17, 2026 as part of a nationwide call for mobilisation bringing together various groups expressing their anger: former "Yellow Vests", secondary school and university students, climate activists and even farmers.
Zu Lyon ass den Tourist Office den Demonstratiounen zum Affer gefall.
© AFP

Iwwer eng hallef Millioun Leit op de Stroossen

Den offiziellen Zuelen no ware landeswäit iwwer eng hallef Millioun Demonstranten ënnerwee, 110.000 eleng zu Paräis. An de soziale Reseauen zirkuléiert ënnert Manifestanten d'Zuel 800.000. Honnertdausenden hunn haart, mä op ville Plazen och friddlech protestéiert géint héich Liewenserhalungskäschten a Logementspräisser, niddreg Paien, a gefuerdert, dass méi an Educatioun a Santé investéiert gëtt.

Dem Inneminister Laurent Nuñez no hat déi ultra-lénk Zeen besonnesch staark mobiliséiert. Sougenannt "schwaarz Bléck" mat vermummte Persounen hätte besonnesch zu Paräis an an anere Groussstied geziilt fir Onrou gesuergt. Op ville Videoen an de soziale Reseaue gesäit een och ganz Gruppe vu maskéierte Jonken, déi am Chaos a Butteker abriechen a Wuer matgoe loossen.

Den Emmanuel Grégoire, Buergermeeschter vu Paräis, war sech d'Schied ukucken an huet mat enger Rei Besëtzer vu Butteker geschwat, déi vun der Zerstéierung betraff waren.

Paräisser Buergermeeschter Emmanuel Gregoire besicht futtis Butteker
E Samschdeg ass et ënner anerem zu Paräis zu schroen Ausschreidunge komm.

De franséische President Emmanuel Macron huet Konsequenzen annoncéiert. An der Republik wär keng Plaz fir Gewalt. Leit, déi Gebaier a Commercë beschiedegt hunn an anerer ugegraff hunn, wäerte strofrechtlech poursuivéiert a bestrooft ginn, esou de President op der Plattform X.

Wisou ginn d'Leit op d'Strooss?

D’Leit wëllen hirer Roserei Loft maachen. Schüler, Studenten, fréier Gilets jaunes, Klima-Militanten a Baueren hu sech Rendez-vous ginn, fir fir eng besser Bildung a géint dat deiert Liewen ze protestéieren, wéi si soen.

Et sinn net iwwerall friddlech Protester. Zu Paräis goufen et schonn Ausernanersetzungen ier d'Maniff iwwerhaapt ugefaangen huet. Zu Lille hu Manifestanten d’Gemeng gestiermt an zu Lyon gouf den Tourismusbüro ugezünt.

Ugefaangen hunn d'Protester virun engem Mount an der Banlieue vu Paräis. Deemools war et de Manktem un Enseignanten a Schoulgebai an engem schlechten Zoustand, déi d'Schüler op d'Strooss bruecht hunn. Antëscht geet et ëm vill méi. Sozial Ongläichheeten, manner Kafkraaft an d'Zukunft vun enger ganzer Generatioun.

Wat Lëtzebuerger Studenten, déi a Frankräich studéieren, dozou soen, héiert Dir hei am Video:

Schro Ausernanersetzungen bei Protestdag a Frankräich
Ënnert dem Motto "On en a marre" waren d’Demonstratiounen a Frankräich. D'Gewerkschaft CGT geet dovun aus, datt eng hallef Millioun Leit op der Strooss waren.

Paräis, Lyon, Saint-Etienne: D'Situatioun eskaléiert

Zu Paräis hu Manifestante Barrikaden opgeriicht, vermummte Gruppen hunn d'Police mat Freedefeier attackéiert, an d'Beamten hunn Tréinegas a Waasserwerfer agesat. Eng Partie Gefierer stoungen a Flamen. Am spéiden Nomëtteg gouf den "CRS 8" an de Quartier Châtelet zu Paräis geschéckt. Déi 8. Compagnie Republicaine de securité ass eng Elite-Unitéit vun der Police, déi séier bei Onrouen a schwieregen urbane Situatiounen intervenéiert.

Den Appell vum franséische President Emmanuel Macron, friddlech ze manifestéieren an op Gewalt ze verzichten, ass verpufft. Zu Marseille hunn eng Partie Manifestante mat Gewalt d'Dier vun der Gemeng opgebrach, se hu Fënsteren ageschloen an Deeler vun der Agangshal verwüüst. Och e Policebüro gouf attackéiert. De Buergermeeschter Benoît Payon kritiséiert den Asaz vun der Police a fuerdert Verstäerkung.

Och zu Lyon ass d' Situatioun eskaléiert. Vermummte Persounen hunn eng Filial vum Touristebüro op der Place Bellecour a Brand gestach. D'Police huet mat Tréinegas a Waasserwerfer versicht, de Pompjeeën de Wee fräi ze maachen. Am Zentrum vu Lyon goufen eng Rei Butteker ausgeraumt.

Zu Metz sinn e Samschdeg op d'mannst 5.000 Mënschen op d' Strooss gaangen. Si hunn ënner anerem de Récktrëtt vum President Macron gefuerdert, awer och fir d'Jugend, fir Palästina a géint de Rassemblement national manifestéiert. Am Stadzentrum koum et um Bord vun der Manifestatioun zu eenzelnen Ausenanersetzungen tëscht Manifestanten an der Police.

Den nächste grousse Protestdag a Frankräich ass fir de 5. November annoncéiert. Ma net just a Frankräich, och an der Belsch goufen et e Samschdeg Protester an Ausschreidungen, dat virop zu Bréissel an zu Léck. Zu Bréissel waren eng 500 Leit ënnerwee an hu Barrikaden opgebaut, wärend e Protestzuch mat engen 250 Leit zu Léck mat enger Sëtzblockad kuerzzäiteg den Trafic gestoppt huet. Am Nomëtteg koum et am Beräich der Place Saint-Lambert zu Ausschreidungen.

Back to Top
CIM LOGO