
Zu Namur hunn déi belsch Autoritéiten en 21 Joer jonke Mann festgeholl, dee verdächtegt gëtt, e Schoss op oppener Strooss ofginn ze hunn. Dat huet sech dësen Dënschdeg Nomëtteg op der Avenue des Combattants zougedroen.
Souwäit bis elo bekannt ass, huet de Verdächtegen op d’Vitrinn vun engem Buttek geschoss. Et gouf zum Gléck kee blesséiert.
Nom Tëschefall ass de Mann mam Vëlo geflücht a gouf dobäi vun zwou anere Persoune verfollegt, déi d’Situatioun gesinn haten. D’Police konnt déi dräi Persounen interpelléieren an huet eng Schosswaff séchergestallt, déi net wäit vun der Plaz, wou geschoss gouf, an der Strooss leie gelooss gouf.
Eng Enquête leeft. Dem jonke Mann, gebuer 2005, gëtt versichte Mord virgeworf.