Kriibs-Therapie fir doheemSanofi kritt EU-Zouloossung fir Kriibsmedikament a Form vun enger Sprëtz

RTL mat AFP
De Pharmakonzern Sanofi huet e Méindeg matgedeelt, datt si als éischte Pharmakonzern an der EU eng Zouloossung fir e Kriibsmedikament a Form vun enger Sprëtz kritt hunn.
Chemotherapie gegen Krebs könnte für manche Patienten künftig auch zuhause möglich sein: Der französische Pharmakonzern Sanofi hat die Zulassung seines Krebsmedikamentes Sarclisa in Form eines mobilen Spritzgeräts angekündigt.
D'Logo vum franséische Pharmakonzern Sanofi.
© AFP/Archiv

Eng Chemotherapie géint Kriibs kéint fir betraffe Patienten an Zukunft och vun doheem aus méiglech sinn. D'Kriibsmedikament Sarclisa vum franséische Pharmakonzern Sanofi gouf an der EU als Injektioun zougelooss. "Sarclisa ass dat éischt Kriibsmedikament an der EU, dat duerch eng manuell a subkutan Injektioun verofreecht gëtt", dat huet Sanofi e Méindeg matgedeelt.

Dëst géif eng flexibel Uwendung erméiglechen, wéi beispillsweis och am haislechen Ëmfeld vum Patient.

Sarclisa gëtt fir d'Behandlung vum Multiple Myelom agesat, enger Form vu Knachemuerch-Kriibs, bei där sech Plasmazellen onkontrolléiert multiplizéieren. D'Medikament ass zanter 2020 a knapp 60 Länner fir d'Behandlung zougelooss.

Déi nei Therapie-Form gëtt aktuell vun den zoustännegen Autoritéiten an enger Rei Länner gepréift, dorënner d'USA, Japan a China.

De sougenannten On-Body-Injecteur ass en Apparat, deen ongeféier d'Gréisst vun engem Teller huet. Per Knäppche kann dann e Medikament ënnert d'Haut gesprëtzt ginn.

Dëst soll Spidolsopenthalter fir Chemotherapie a Form vun Infusiounen ersetzen. De Prozess vun der Injektioun dauert a béide Fäll 13 Minutten.

Back to Top
CIM LOGO