
D'Suitte vun den terroristeschen Attacke säitens der Ukrain op d'Energie-Infrastruktur missten ofgefiedert ginn, zitéiert déi staatlech Norichten-Agence TAS de russesche President. Deen hat e Sonndeg schonns op engem Parteidag Problemer, virun allem mam Diesel, duerchblécke gelooss.
Am Raum steet en Export-Verbuet. Op d'mannst emol fir eng Zäit. Schonn zanter e puer Méint gräift d'Ukrain ëmmer méi dacks russesch Energie-Depote mat Dronen un.