Vum Melania Trump mat vermëtteltRussland an Ukrain eens iwwer lokal Wafferou fir humanitär Hëllef fir Oleschky

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Wäisst Haus matgedeelt. Vum 27. Oktober u sollen d'militäresch Operatiounen an der Stad gestoppt ginn, fir humanitär Liwwerungen an d'Evakuéierung vun Zivilisten z'erméiglechen.
Melania Trump vermëttelt lokal Wafferou tëscht Russland an der Ukrain.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

An der Stad, déi zanter Februar 2022 vu Russland besat ass, ass d'humanitär Lag ëmmer méi dramatesch ginn. Ronn 2.000 Mënsche sollen nach do liewen. Et feelt u Liewensmëttel, Waasser a Stroum. Verschidde Bewunner sollen op Gras a kleng Ratioune Liewensmëttel zeréckgräifen fir z'iwwerliewen.

Der US-Regierung no gouf d'Wafferou duerch d'Melania Trump vermëttelt. Si an hir Vertrieder hätten direkt mat de russeschen an ukrainesche Leaderen iwwer d'Konditioune verhandelt. Et gouf awer schonn zanter Wochen Efforten, fir eng humanitär Wafferou an eng Evakuéierung vun den Zivilisten z'organiséieren. D'Ukrain hat Russland an der Vergaangenheet beschëllegt, fréier Opriff zu enger Wafferou refuséiert ze hunn.

Déi geplangten Operatioun soll ënner anerem d'Stroosse vu Minne fräi maachen, d'Liwwere vu Liewensmëttel an d'Evakuéierung vun den Awunner ëmfaassen.

Back to Top
CIM LOGO