
Am UN-Sécherheetsrot ass eng Resolutioun fir den Accès zu der Strooss vun Hormus, déi vum Iran blockéiert gëtt, um Widderstand vu Russland a China gescheitert. Béid Staaten hu beim Vott en Dënschdeg géint de scho modifizéierten Text hire Veto ageluecht. Den Entworf fir eng Resolutioun, dee vum Bahrain a vun den USA virgeluecht gouf, krut 11 Jo- an zwou Nee-Stëmme souwéi zwou Enthalungen.
Den Ausseminister vum Bahrain, den Abdullatif bin Raschid al-Sajani sot, d’Golfstaate géingen d’Ofleenung vun der Resolutioun bedaueren. De Veto vu Russland a vu China géing e “falscht Signal un d’Welt” schécken, sot hien nom Vott och am Numm vum Katar, Saudi-Arabien, Kuwait, de Vereenegten Arabeschen Emirater a Jordanien. D’Signal wier elo, datt bei Menacë géint Mieresweeër keng “decisiv Mesurë vun der Organisatioun” gëtt, “déi fir d’Garantie vum Weltfridden an der internationaler Sécherheet zoustänneg ass”.
De rezentsten Entworf, deen der Noriichtenagence AFP virläit, hat den Asaz vu Gewalt fir de Schutz vum Mierespassage, dee fir de Welthandel wichteg ass, net méi ausdrécklech autoriséiert. Amplaz huet en d’Staaten opgeruff, “hir Beméiungen, déi vun defensiver Natur an den Ëmstänn entspriechend sinn, ze koordinéieren, fir zur der Sécherheet vun der Schëfffaart bäizedroen, inklusiv duerch d’Begleedung vun Handelsschëffer”.
Gläichzäiteg huet den Entworf weiderhi gefuerdert, datt den Iran seng Attacken op Handelsschëffer an “all Versuch, den Transitverkéier oder d’Fräiheet vun der Schëfffaart an der Strooss vun Hormus ze behënneren”, stoppt. Teheran huet den UN-Sécherheetsrot virun der Ofstëmmung viru “provokanten Handlunge” gewarnt.