Hat eng Bomm am RucksakRussesch Autoritéiten huelen däitsch Staatsbiergerin wéinst Attentatspläng fest

AFP, iwwersat vun RTL
An der südrussescher Regioun Stawropol gouf e Méindeg eng Fra festgeholl, déi e Bommenuschlag soll geplangt hunn.
D'Haaptgebai vum russesche Geheimdéngscht FSB zu Moskau
D’Haaptgebai vum russesche Geheimdéngscht FSB zu Moskau
© -/AFP

Dat mellt de russesche Geheimdéngscht FSB. Et soll sech ëm eng 67 Joer al däitsch Staatsbiergerin handelen, déi eng selwer gebaute Bomm an hirem Rucksak soll gehat hunn. Rieds geet vun “engem vum Kiewer Regime geplangten Terroruschlag op eng Ariichtung vun der Justiz an der Regioun Stawropol”, dee vun den Autoritéite verhënnert gouf.

Russesch Medien, déi sech op Informatiounen aus FSB-Kreesser beruffen, wier d’Fra vun engem Bierger aus engem zentralasiatesche Staat an e Komplott eragezu ginn, dat d’Zerstéierung vun enger Ariichtung vun de Sécherheetsdéngschter am Süde vu Russland virgesinn huet. En “1997 gebuerene” Bierger aus esou engem zentralasiatesche Land, wier iwwerdeems och festgeholl ginn. Dëse soll geplangt hunn, de Sprengsaz per Fernsteierung detonéieren ze loossen, wärend “d’Fra op der Plaz stierwe sollt”. De Sprengsaz soll mat 1,5 Kilogramm TNT geluede gewiescht sinn.

Back to Top
CIM LOGO