FloridaRiichter weist Klo vum Donald Trump géint de "Wall Street Journal" of

RTL Lëtzebuerg
Den US-President hat d’Zeitung an hir Besëtzer, dorënner de Rupert Murdoch, fir op d'mannst 10 Milliarden Dollar Schuedenersatz verklot.
© Youtube

Den Donald Trump hat behaapt, en Artikel hätt hien diffaméiert, andeems en hie mam verurteelte Sexualstroftäter Jeffrey Epstein a Verbindung bruecht huet. Am Artikel gouf gesot, dem Trump säin Numm wier an engem “Gebuertsdag-Buch” fir den Epstein opgedaucht, inklusiv enger Noriicht mat enger Zeechnung. Den Trump huet vun enger Fälschung geschwat.

De Riichter Darrin Gayles huet erkläert, datt den Trump net noweise konnt, datt d’Zeitung mat “béiswëllegem Virsaz” gehandelt hätt. Dofir gouf d’Klo ofgewisen. Allerdéngs dierf den Trump eng nei, ugepasste Klo areechen, an hie plangt dat sengem Affekot no och ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO