Am Wäert vun iwwer 2,7 Milliounen EuroReseau vu Koffer-Déiwen am franséische Grenzgebitt opgedeckt

RTL Lëtzebuerg
16 Leit goufe vun de franséischen Autoritéite festgeholl, well si Koffer am grousse Stil geklaut hunn.
© CHRISTOPH BURGSTEDT/SCIENCE PHOT/Science Photo Library via AFP

Am franséische Grenzgebitt konnt e gréissere Reseau opgedeckt gi vu Leit, déi systematesch Koffer geklaut hunn. Knapp 500 Tonnen hate si zanter Ufank 2025 geklaut.

Si waren haaptsächlech am Grand-Est, awer och an der Île-de-France an an der Normandie aktiv, schreift de Républicain Lorrain. De geklaute Koffer hätt ëmmerhin eng Valeur vun iwwer 2,7 Milliounen Euro gehat.

16 Leit goufe festgeholl, vun deenen der sechs an Untersuchungshaft koumen an 10 ënnert Contrôle judiciaire gestallt goufen. An der Haaptsaach wiere Koffer-Kabele vum Reseau vun enger grousser Telekommunikatiounsfirma zerschnidden a matgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO