
Bei enger Stéchwal am US-Bundesstaat Georgia, huet de Republikaner Clay Fuller sech géint säin demokratesche Rival Shawn Harris duerchgesat. Hien iwwerhëlt de Sëtz am Representantenhaus vum Marjorie Taylor Greene, déi wéinst hirem Sträit mam US-President Trump am Zesummenhang mat den Epstein Files notamment zeréckgetruede war. D’Republikaner behalen eng ganz enk Majoritéit vun 217 géint 214 am Representantenhaus.
Den 3. November sinn déi grouss Midterms, wou e groussen Deel vum Kongress nei gewielt gëtt.