
An der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg gouf et eng Hacker-Attack op d'Regierung vu Liechtenstein. Dat huet den Alpen-Staat selwer um Sonndeg bekannt gemaach.
Onbekannt Täter hätte sech e Freideg digitalen Zougrëff op Donnéeë vum Bundesamt fir Verfassungsschutz verschaf, méi genee zum Regëster fir d'Verhënnere vu Blanchiment an Terror-Finanzéierung. Date vu ronn 31.000 "personnes morales" goufe geklaut. Eng Enquête ass elo amgaangen.