Strooss vun HormusRe-Ouverture eréischt, wann d'USA "all" d'Konditiounen erfëllen, esou de Message vum Iran

Marlène Clement
D'USA hu bis elo net op d'Aussoen aus dem Iran reagéiert.
Hormus-Strooss
Hormus-Strooss
© AMIRHOSSEIN KHORGOOEI/AFP

Eng séier Reouverture vun der Strooss vun Hormus ass weider net en Vue. No de leschte Gespréicher tëschent Teheran an dem Oman, schwätzt d'Vermëttlerland zwar vu "positiven a konstruktive" Gespréicher. Den Iran stellt allerdéngs eng ganz Rei Fuerderungen fir eng Reouverture vum Mierespassage. D'USA dierften déi Islamesch Republik ni méi menacéieren, heescht et an enger Erklärung vum Nationale Sécherheetsrot am Iran. Si missten och de Krich géint den Iran a deem seng Alliéiert definitiv op en Enn bréngen an d'Blockad vun iraneschen Häfen ophiewen. Esou nëmmen e puer vun dem am Ganze sechs Revendicatiounen. D'USA missten "all" d'Konditiounen acceptéieren, soss géing de Passage net opgoen.

Eng Reaktioun vun der US-Regierung gouf et bis ewell net. Experte ginn awer net dovunner aus, datt Washington op deene Punkten Zougeständnesser mécht. Den US-Vizepresident JD Vance sot nach rezent an engem Interview, Teheran hätt nach net all d'Fuerderunge vun der US-Regierung erfëllt.

Back to Top
CIM LOGO