Ukrain-Krich Putin annoncéiert Wafferou fir dat orthodoxt Ouschterfest

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg 3 Auer eiser Zäit un an de ganze Sonndeg iwwer soll net gekämpft ginn.
© SOFIA SANDURSKAYA/AFP

De russesche President Wladimir Putin huet eng Wafferou fir dat orthodoxt Ouschterfest annoncéiert. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet en Donneschdeg den Owend confirméiert, dass iwwer d’Feierdeeg d’Waffen néiergeluecht ginn.

Vun e Samschdeg 3 Auer eiser Zäit un an de ganze Sonndeg iwwer soll net gekämpft ginn. D’orthodox Chrëschten an der Ukrain feieren - grad esou wéi déi a Russland - Ouschteren eréischt e Sonndeg. De Putin huet deemno matgedeelt, säi Chef d’Etat Major hätt den Uerder, d’Kampfhandlungen an der Zäitfënster ze stoppen.

De Selenskyj sengersäits hat scho méi dacks eng Wafferou iwwer d’Feierdeeg gefuerdert. D’Leit bréichten en Ouschteren ouni Menacen an e Schratt Richtung Fridden. Den ukrainesche President huet iwwerdeems betount, Russland hätt och d’Chance, no Ouschteren d’Waffen net méi an de Grapp ze huelen. Zejoert hat et schonn eng Waffepaus gi fir dat orthodoxt Ouschterfest. Deemools hat de Putin och gesot, seng Truppe wären trotz Paus alertéiert. De Selenskyj hat Russland zejoert reprochéiert, sech net un d’Ofmaachunge gehalen ze hunn. Un der Front hätten d’russesch Truppe weider gekämpft.

Back to Top
CIM LOGO