
Méi wéi 27 Joer nom Massaker vu Recak am Kosovo huet e Freideg an der kosovarescher Haaptstad Pristina e Prozess géint 21 fréier serbesch Fonctionnairen ugefaangen. Den Ugeklote gëtt ënner anerem Mord, Folter, onmënschlech Behandlung an d'Verdreiwung vun Zivilisten an Albanien reprochéiert. Kee vun hinnen ass allerdéngs viru Geriicht opgedaucht. D'Massaker vu Recak am Januar 1999 hat en decisiven Afloss op de Verlaf vum Kosovo-Krich.
D'Riichterin Violeta Namani Hajra huet gesot, datt d'Verfaren trotz der Absence vun den Ugeklote lancéiert géif. D'Männer ginn duerch Defenseuren, déi vum Affekoteverband bestallt goufen, vertrueden. Géint si goufen no Informatioune vum Parquet international Haftbefeeler erlooss.
Zu de Beschëllegte gehéieren de fréiere serbesche Policechef Obrad Stevanovic, de fréiere Geheimdéngschtchef Radomir Markovic an de fir besonnesch Asätz zoustännege Policegeneral Goran Radosavljevic.
An der Uklo steet, d'Männer wiere beim Plangen oder der Ausféierung vum Ugrëff op d'Uertschaft Recak am Januar 1999 bedeelegt. Serbesch Autoritéiten hätten d'Duerf ufanks beschoss, duerno Haiser duerchsicht an 42 onbewaffent Zivilisten aus kuerzer Distanz erschoss. D'Morde wiere keng Suite vu Kämpf, ma "virsätzlech, geplangt a systematesch Hiriichtunge" gewiescht, heescht et weider an der Uklo.
Serbien streit bis haut of, datt zu Recak e Massaker un Ziviliste verüübt gouf. Och den aktuelle serbesche President Aleksandar Vucic huet d'Leit, déi dobäi ëmbruecht goufen, ëmmer nees als Kämpfer vun der Kosovo-Befreiungsarméi UCK bezeechent.
Déi international Empörung iwwer d'Morden huet 1999 zu der Decisioun vun der Nato fir Loftattacke géint Serbien bäigedroen. Nom Ofzuch vun de serbeschen Truppe gouf en internationale Friddenstrupp am Kosovo stationéiert. D'Gebitt huet 2008 seng Onofhängegkeet erkläert, déi Belgrad bis haut net unerkennt.
Fënnef weider Kosovo-Serbe waren am Juni wéinst presuméierter Bedeelegung un de Morde festgeholl ginn. Géint si ass ee separate Prozess geplangt. Am Kosovo-Krich goufe méi wéi 13.000 Mënschen ëmbruecht, déi meescht vun hinne ware Kosovo-Albaner.