
De jonke Schüler huet e puer Mol op d’Konscht-Proff agestach, déi an der Klass zesummegaangen ass.
Aktuell ass d'60 Joer aalt Affer mat hiren uerge Wonnen am Spidol a schwieft a Liewensgefor.
De 14 Joer jonken Teenager, deen hannert der Dot stécht, gouf vun engem Lycées-Mataarbechter iwwerwältegt, verhaft an ass an Untersuchungshaft.
Wéi et vum Procureur vun Toulon geheescht huet, hätten et déi lescht Wochen ewell Virfäll tëscht der Proff an dem verdächtege Jonke ginn.
Méi prezis Hannergrënn vun der Messer-Attack ginn net genannt.
